Exposition avec ateliers pédagogiques et créatives
1001 Tonnen ass kéng Geschicht a scho sécherlech kee Märchen, et ass och keen Titel fir ze dreemen mee et ass d’Realitéit. All Joer ginn zu Lëtzebuerg 1001 Tonne wëllen Offall ewechgehäit.
Als Fotografin hunn ech vun 2019 bis 2021 wëllen Offall fotograféiert a mech mat der alldeeglecher Realitéit ronderëm d’Ëmweltverschmotzung an de Kampf, deen dogéint gefouert, gëtt befaasst.
Nieft dem Buch 1001 Tonnen an der Campagne routière vun der Ëmweltverwaltung proposéieren ech ab September 2022 och e Schoulprojet: eng Wanderausstellung, pedagogesch a kënschtleresch Aktivitéiten fir de Fondamental a fir Lycéeën zum Thema „Littering“.
Posted in:
Leave a Comment (0) →