Exposition avec ateliers pédagogiques et créatives

Organisation

Jessica Theis – projet 1001 Tonnen, dans le cadre de Esch2022

Durée

A définir

Partenaires, coopérations

Emweltberodung, Storytime (Charlotte Reuter / Potty Lotty)

Contact

Jessica Theis
hello@jess.lu
00352 621 228 600

Types d'activités

Animations/Workshops, Expositions, Visites guidés/Excursions

Groupes cibles

EF - Cycle 3

Objectifs / Compétences visées

1001 Tonnen ass kéng Geschicht a scho sécherlech kee Märchen, et ass och keen Titel fir ze dreemen mee et ass d’Realitéit. All Joer ginn zu Lëtzebuerg 1001 Tonne wëllen Offall ewechgehäit.

 

Als Fotografin hunn ech vun 2019 bis 2021 wëllen Offall fotograféiert a mech mat der alldeeglecher Realitéit ronderëm d'Ëmweltverschmotzung an de Kampf, deen dogéint gefouert, gëtt befaasst.

 

     

 

Nieft dem Buch 1001 Tonnen an der Campagne routière vun der Ëmweltverwaltung proposéieren ech ab September 2022 och e Schoulprojet: eng Wanderausstellung, pedagogesch a kënschtleresch Aktivitéiten fir de Fondamental a fir Lycéeën zum Thema „Littering“.

 

Organisation / Programme

De Schoulprojet am Fondamental riicht sech u Schüler aus den Cyclen 3 a 4 an ass eng Zesummenaarbecht mat der Geschichtenerzielerin Potty Lotty, alias Charlotte Reuter , a mam Michel Wilwert vun der Emweltberodung.

Wéi gesäit den Oflaf vun dem Projet genee aus ?

  1. Opriichten am Virfeld vun der Wanderausstellung an der Schoul.
  2. Aleedung an d’Thematik vum Littering duerch d‘Potty Lotty, wat op theatralesch a witzeg Aart a Weis d’Geschicht vum Monsieur Ramasse erzielt. D‘Potty Lotty huet dofir extra e “Knaschtkostüm” entworf an deem et och Optrëtt.

„Monsieur Ramasse“ ass d‘Geschicht vun zwee Kanner déi enges Daags eng ongewéinlech Entdeckung am Bësch maachen. Dem Monsieur Ramasse säi Fliger ass futti an hien brauch Hëllef. Bei dëser Renconter léieren d’Kanner, wéi wichteg et ass fir Offall net an d’Ëmwelt ze geheien.

  1. Duerno kënnen d’Kanner am Atelier „Precious Plastic“ vun der Ëmweltberodung aus alem Plastik nei Saachen hierstellen. Mat enger imposanter Maschinn zerklengeren d’Kanner futtis Plastikobjeten a kleng Schnippselen, déi dann ob eng flott Aart a Weis an een néit Muster geluecht ginn a mat der Maschinn zu engem néien Objet „gebak“ ginn.

 

    

    

Nieft der Hierstellung vun engem neien Objet aus alem Plastik, entdecken a léiere Kanner ob eng interaktiv Aart a Weis déi verschidden Zorte Plastik aus dem Alldag kennen, a wat een domadder alles erëm néis maache kann. Am Atelier gëtt de Recyclingprozess esou ganz konkret illustréiert a ka vun de Kanner direkt ëmgesat ginn.

  1. De kreativen Atelier ass opgebaut zum Thema „Mir bauen de Monsieur Ramasse“ aus recuperéiertem Material.

 

Intresséiert Enseignanten kënne sech per Mail op hello@jess.lu mellen.

 

Approches méthodologiques

Geschicht Monsieur Ramasse > Storytime Charlotte Reuter / Potty Lotty

Precisous Plastic Maschin > Ëmweltberodung Michel Wilwert