Kreativ Concours – Biodiversitéit bei eis doheem

Am Kader vun der Woch Ouni Pestiziden vum 20. bis 30. Mäerz

D’Woch Ouni Pestiziden fënnt all Joer statt fir d’Bierger op d’Problematik vun de Pestiziden opmierksam ze maachen. Fir och d’ Kanner op d’Thema Pestiziden a Biodiversitéit ze sensibiliséieren, fir de Schoulen an aneren edukativen Strukturen eng Geleegenheet ze ginn dëst Thema ze erklären, organiséiere mer e kreative Concours zum Thema ‘Biodiversitéit bei eis doheem’ fir d’Kanner am Alter vun der Grondschoul. Et gi flott Kaddoen ze gewannen: Set fir Feier ze maachen, Messer, Kompass, Survivalkit fir Kanner, Spektiv, a villes méi…

Méi Informatiounen op: http://www.ounipestiziden.lu

Posted in: Non classé

Leave a Comment: (0) →