Formation Nature 23/24 Wantersemester

Endlech ass et rëm sou wäit! Mir freeën eis Iech matdeelen ze kënnen, dass déi nächst Formation Nature an den Startlächer steet an mir zesummen mam neie Schouljoer ufänken.

Während der Formatioun kënnt d’Vilfalt am Lëtzbuerger Land kenne léieren an hier Bewunner erfuerschen. Dobäi gitt Dir op Schrëtt an Trëtt vu lokalen Experten begleet an stellt Ärt Wëssen bei Ärer eegener Visite guidée ënner Beweis!

Weider Informatiounen an den Präiss fannt Dir hei: Formation Nature 23/24 Wantersemester

Mellt Iech w.e.g. mat folgenden Informatiounen iwwer c.gansen@naturemwelt.lu un.

Numm; Virnumm; E-mail; Handysnummer

De Programm fir d’Wantersemester fannt dir ënnen.

Fir d’Wanter a Summersemester muss een sech separat umellen. Am Moment ass just d’Wantersemester op.

Bei weideren Froen zéckt net Iech iwwer info@plattformbne.lu ze mellen.


Programm Formation Nature 23/24 Wantersemester

Posted in: Non classé

Leave a Comment (0) →

BNE Foire 2023

Méi Detailer fannt dir BNE Foire 2023 Programm

Inspiratioun an der Bildung fir nohalteg Entwécklung:
Léieren dobaussen, Ëmwelt- a Ressourceschutz, Ethik, Demokratie a Kannerrechter, Cooperation Nord-Sud, a villes méi.
Entdeckt spezifesch Methoden, Projeten, Initiativen, Spiller, Bicher, Bibliothéiken a vill Acteuren.

Méi Detailer fannt dir BNE Foire 2023 Programm

All hallef Stonn gëtt en anert Theema am Beräich vun der Nohaltegkeet virgestallt. Kommt spontan laanscht, loosst iech inspiréieren an diskutéiert mat.

Méi Detailer fannt dir BNE Foire 2023 Programm

FAQ Exposants

FAQ Visiteurs

Dir kënnt zu dësen Zäite laanscht kommen fir d’Stänn opzeriichten:

19.04.23 vun 15:00 – 17:00 Auer

20.04.23 vun 8:00 – 9:00 Auer

Fir den Op- an Ofbau dierft Dir zu bestemmten Zäiten bei den Forum fueren an an- respektiv auszelueden:

Fir alternativ Auerzäiten mellt Iech w.e.g. iwwer foire@bne.lu

Fir d’Fortbildungen kënnt dir kuerz virdrun an ären Sall fir deen virzebereeden.