Workshop Kilimo Endelevu

Organisation

Iles de Paix Luxembourg

Durée

1 bis 2 Schoulstonnen

Contact

Yves Reichling
info@ilesdepaix.lu
621 39 34 13

Types d'activités

Animations/Workshops

Langues véhiculaires

Allemand, Anglais, Français, Luxembourgeois

Thèmes prioritaires

agriculture et alimentation, diversité culturelle, environnement global, globalisation

Groupes cibles

ESC/ESG inférieur 7e-4e, ESC/ESG supérieur 3e-1ère

Organisation / Programme

An desem Atelier get d’Situatioun vun den Klengbaueren zu Karatu am Tanzania behandelt. 80% vun der lokaler Bevölkerung liewen vun der familiärer Landwirtschaft an vun der Véihzucht. D’Majoritéit vun hinnen liewen an enger prekärer Situatioun, geprägt duerch kronesch Mangelernährung, Armut an engem schlechten Zougang zu néidegen Servicer wéi z.b. propper Drenkwassersourcen, Schoulen oder Spidoler an Apothéiken. Zudem get an desem Workshop d’Verbindung zwëschend eisen Konsum- an Iessgewunnegten an den Leit zu Karatu gezunn an demno d’Thematik vun dem Klimawandel an enger responsabler Ernährung an senger Déift behandelt.

Zur Illustratioun gët den Vidéo La Face Cachée du Hamburger (3 Minuten) gewisen, deen genau op desen läschten Sujet angeht andems en den Produktiounswee vum Hamburger an hier Konsequenzen op einfach an effizient Art an Weis beschreiwt.. Eng kurz Behandlung vun dem Daiwelskrees vun der Armut an der sech eng Majoritéit vun den Leit zu Karatu befannen folgt dorops. Eng läscht Etapp vum Workshop wären dann schlussendlech Léisungsunsätz, déi sech emt d’Agroécologie dréinen an eng nohalteg Zukunft fir d’Leit am Tanzania souwéi fir d’Natur an eng global an solidaresch Biergerschaft förderen.

Zentral Themen:

  • Tanzania an seng Klengbaueren
  • Nohalteg Iessgewunnegten
  • Nohalteg Agrikultur / Agroökologie an hier Léisungsunsätz
  • Klimawandel
  • Interkulturellt Verständnis
  • Solidaritéit an global Biergerschaft

Remarques

Offréiert Material:

Reportage La Face Cachée du Hamburger