Workshop Huánuco: En Wee aus der Armut

Organisation

Iles de Paix Luxembourg

Durée

1 bis 2 Schoulstonnen

Contact

Yves Reichling
info@ilesdepaix.lu
621 39 34 13

Types d'activités

Animations/Workshops

Langues véhiculaires

Allemand, Anglais, Français, Luxembourgeois

Thèmes prioritaires

agriculture et alimentation, diversité culturelle, environnement global, globalisation

Groupes cibles

ESC/ESG inférieur 7e-4e, ESC/ESG supérieur 3e-1ère

Organisation / Programme

An desem Workshop sollen d’Schüler en Abléck kréien, wéi sech eng Famille an der Régioun vum Huánuco am Peru dorem beméiht, hier Liewensemstänn lues an lues ze verbesseren. Och hei bleiwen d’Leitmotiver d’Armut, den Honger, den mangelnden Accès un (propert) Waasser souwéi d’Préservatioun vun der Natur. Den Reportage an deser Animatioun dréint sech um d’Haalung vun Mierschwéngecher, déi et den Famillen (an virun allem den Fraen) erlaben, en méi héicht Akommes ze hun, wat wichteg an positiv Konsequenzen mat sech bréngt.

Och duerch des Animatioun sollen d’Schüler géigeniwwer kulturell friëmen Leit informéiert an obmierksam gemaach gin. D’Schüler wärten verstoen kënnen, dass och duerch schéngbar kleng Doten d’Liëwen vun Leit an Schwieregkeeten kën verbessert gin an dass eis Art an Weis ze liëwen an ze konsomméiren duerchaus en Impakt op den Alldag vun Leit weltwait ken hun. Et geht dorëms, neies an Ongewinntes kennenzeléiren, den Jugendlechen hier Empathie géigeniwwer hieren Matmënschen ze stärken an géint den Fatalismus géigeniwwer globalen Problematiken ze kämpfen.

Zentral Themen:

  • Den Daiwelskrees vun der Armut
  • Emanzipatioun vun der Fra
  • Nohalteg Agrikultur / Agroökologie an hier Léisungsunsätz
  • Interkulturellt Verständnis
  • Den Peru an seng Lag
  • Solidaritéit an global Biergerschaft

Approches méthodologiques

D’pädagogesch Approche bleift hei déi selwëscht wéi beim Workshop Yiéga – eng Présentatioun vum Peru, vun den Leit déi do liëwen an vun den Problematiken, géint déi si versichen unzekämpfen. Des Présentatioun hängt sech un den Reportage Cochon d’Inde vun 12 Minuten un. Nodeems dësen gekuckt gouf, gët en Débat iwwert di verschidden opgelëschten Themen gestart, bei dem d’Schüler aktiv nodenken an no Léisungen sichen wärten. Dësen Workshop kën och op Franséich, Englesch oder Daitsch gehal gin.

Remarques

Offréiert Material: Reportage Cochon d’Inde - https://www.youtube.com/watch?v=U3b-onGgbXA (ab 4ème/10ème) Dossier Pérou – Les Sentiers du Développement (op Franséich) mat Aufgaben an Exercicer iwwer déi iëwegt Themen.