BNE Foire 2025
Umellen fir d’Weiderbildungs- an Austauschmomenter
Dréckt op d’Knäppercher fir d’Aktivitéiten vun der jeweileger Auerzäit ugewisen ze kréien an Iech unzemellen.
Wann Dir keen IAM Login hutt, mellt fëllt w.e.g via E-mail bei der jeweileger Kontaktpersoun.
Inspiratioun an der Bildung fir nohalteg Entwécklung:
Léieren dobaussen, Ëmwelt- a Ressourceschutz, Ethik, Demokratie a Kannerrechter, Cooperation Nord-Sud, a villes méi.
Entdeckt spezifesch Methoden, Projeten, Initiativen, Spiller, Bicher, Bibliothéiken a vill Acteuren.
Méi Detailer fannt dir am BNE Foire 2025 Programm
FAQ Exposants
FAQ Visiteurs
Dir kënnt zu dësen Zäite laanscht kommen fir d’Stänn opzeriichten:
24.03.25 vun 15:00 – 17:00 Auer
25.03.25 vun 8:00 – 9:30 Auer
Fir den Op- an Ofbau dierft Dir zu bestemmten Zäiten bei den Forum fueren an an- respektiv auszelueden:
Fir alternativ Auerzäiten mellt Iech w.e.g. iwwer foire@bne.lu
Fir d’Fortbildungen kënnt dir kuerz virdrun an ären Sall fir deen virzebereeden.
Mir bieden Iech der Ëmwelt zuléift méiglech nohalteg unzereesen. Sief dat mam Velo, zu Fouss oder mam Bus.
Um P&R Bouillon ginn et awer gratis Parkplazen.
Grande télévision (pas de projecteur) à laquelle on peut brancher un portable via HDMI (attention: pensez à l’adaptateur si vous utilisez un MacBook/ordinateur Apple), 1 flipchart
laptop, adaptateurs HDMI (pour Mac), flipchart-markers, rallonges éléctriques, autres équipements, …
Fir d’Stänn op der BNE Foire ze besichen musst Dir Iech net umellen.
Fir Weiderbildungen an Austauschmomenter musst Dir Iech aschreiwen.
Mir bieden Iech der Ëmwelt zuléift méiglech nohalteg unzereesen. Sief dat mam Velo, zu Fouss oder mam Bus.
Bushaltestellen an der Géiegend sin zum Beispill:
- Merl, Geesseknäppchen (S)
- Hollerich, Kierfecht
- Hollerich, Schluechthaus
- Hollerich, Poincaré
- Hollerich, Salzhaff
Um P&R Bouillon ginn et gratis Parkplazen.
- zwee Dëscher (80cm x 80cm)
- zwee Still
- ee Panneau (170cm x 120cm)
Punaissen a Ritsch-Ratsch hält gutt op den Panneauen. OP Ufro kënnt dir d’Unzuel vun de Still an Dëscher änneren.
Selwer matbrengen:
- Dëschelduch an Deko
- Punaissen, Ritsch-Ratsch (ginn et och fir opzepechen)
- Multiprise, Verlängerungskabel
Label “Green Business Events”
Mir erënneren Iech drun, dass d’BNE Foire ee Green Business Event ass.

Aus dësem Grond sollen Einweg-Produiten evitéiert ginn:
- Evitéiert et, speziellt Material matzebréngen oder ze kafen, dat nëmme fir d’Foire benotzt gëtt. Benotzt Material, dat verfügbar ass oder ausgeléint ka ginn.
- Keng Einweg-Goodies verdeelen, wéi agepaakte Kamellen oder Bicken… Nohalteg an nëtzlech Kaddoe sinn erlaabt.
- Broschüren, déi wichteg Informatioune ginn, kënnen och op Pabeier verdeelt ginn. Passt allerdéngs drop op, dass se mat FSC oder PEFC gekennzeechent sinn. Am beschte wier een FSC / PEFC-Mix (zum Deel recycelt) oder esouguer FSC / PEFC 100% recycelt. Mir empfeelen och, mat QR-Codes ze schaffen, fir de Pabeierverbrauch nach méi ze reduzéieren.
- Léiwer plastifizéiert Schëlder oft benotzen, wéi all Kéiers neier ze drécken.
- Bei Roll-ups e Stänner aus Aluminium benotzen, deen nei bestéckt ka ginn. Déi nei Baatschen sollen net aus PVC sinn!
- Mir bieden Iech, déi nei opgestallten Dreckskëschte fir den Tri ze benotzen, déi souwuel am Gank bausse wéi och am grousse Sall opgestallt sinn.
- Déi ausgedeelte Signalétique (SDG, Nummer) muss dono zréckgi ginn.
- Wann Dir wëllt, denkt drun, Ären SDG-Pin matzebréngen.
Fir weider Froen mellt Iech w.e.g iwwer foire@bne.lu
Aktualiséiert den 10.03.2025
Posted in: Actualités
Leave a Comment: (0) →