Workshop Yiéga

Organisation

Iles de Paix Luxembourg

Durée

1 bis 2 Schoulstonnen

Contact

Yves Reichling
info@ilesdepaix.lu
621 39 34 13

Types d'activités

Animations/Workshops

Langues véhiculaires

Allemand, Anglais, Français, Luxembourgeois

Thèmes prioritaires

agriculture et alimentation, diversité culturelle, environnement global, globalisation

Groupes cibles

ESC/ESG inférieur 7e-4e, ESC/ESG supérieur 3e-1ère

Organisation / Programme

Den Workshop zentréiert sech op d’Liëwenssituation vun enger Famille vun Klengbaueren zu Yiéga am Burkina Faso. Et geht prinzipiell dorems, den Schüler ze weisen, wéi d’Leit zu Yiéga liëwen an mat wéiengen alldäglechen Schwieregkeeten si ze kämpfen hun. Des Schwieregkeeten spaanen sech vun den Konsequenzen vum Klimawandel (Dürre, Wassermangel, onerwarten Wiëderkonditiounen, etc.) iwwer d’Armut bis hin zum Honger.
Duerch des Animatioun sollen d’Schüler géigeniwwer den Liewensartanweisen an –konditiounen vun Leit aus enger komplett friëmer Kultur informéiert an firun allem sensibiliséiert gin. D’Schüler wärten verstoen, dass och si duerch déi eng oder déi aaner Weis mam Ana an senger Famille (cf. Reportage) verbonnen sin an sech selwer an dësen “Friëmen” eremfannen kënnen. Och get Wert dorop geluecht, den Jugendlechen ze weisen, wou verschidden Liewensmëttel hierkommen, wéi des produzéiert gin an wéieen Impakt dëst och hei zu Lëtzebuerg kën hun.

Zentral Themen:

  • Nohalteg Agrikultur / Agroökologie an hier Léisungsunsätz
  • Den Daiwelskrees vun der Armut
  • Klimawandel an seng graifbar Konsequenzen
  • Interkulturellt Verständnis
  • Den Burkina Faso
  • Solidaritéit an global Biergerschaft

Approches méthodologiques

Et geht an desem Workshop dorem, eng Reflexioun an eng Diskussioun ënnert den Schüler ze provozéiren. Dëst geschitt duerch eng Présentatioun vun den zentralen Thematiken (Armut, Klimawandel, Wassermangel, Resilienz an Agroökologie) an dem Weisen vun dem kurzen Reportage Yiéga (14:30 Minuten). Wichteg ass et, d’Wuert virun allem den Schüler ze iwwerlossen an do opzeklären, wou et néideg ass.

Eis Methodik reflektéiert eisen Refus, d’Leit während eisen Animatiounen ze culpabiliséiren an duerch eensaiteg Monologer sensibiliséiren ze wëllen. Mir schaffen op en nohaltegt Bewosstsain iwwer déi besprachen Themen hin an leen vill Wert op den aktiven Dialog souwéi en richtegt Verständnis vun der Liëwenssituatioun vun (enner anerem) Klengbaueren an hieren Famillen souwéi der momentaner Lag vun der natierlecher Ëmwelt. Dësen Workshop kën och op Franséich, Englesch oder Daitsch gehal gin.

Remarques

Offréiert Material: Reportage Yiéga - https://www.youtube.com/watch?v=3BXX0EIdLmQ (bis 4ème/10ème) Dossier En Route pour le Burkina Faso (op Franséich) mat Aufgaben an Exercicer souwéi en Correctif fir den Enseignant iwwer déi iëwegt Themen.