Zesummen an der Natur
Thèmes prioritaires
Biodiversité, Forêt, Nature-Art, Teambuilding
Groupes cibles
7e, À l'école, Cycle 1, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
Langues véhiculaires
Allemand, Anglais, Français, Luxembourgeois
Site web
fnel.lu/naturDurée
Dagesaktivitéit
Lieu
Misaershaff
L-8808 Arsdorf
Objectifs
Een Ausfluch mat der Klass ka fir d’SchülerInnen ee besonnescht
Erliefnis sinn. An deem Kader bitt d’FNEL a sengem Scouts Center
Misärshaff neierdéngs den Aktivitéitsprogramm, « Zesummen an der
Natur », un.An engem non-formelle Kader kann de Grupp zesummen een Dag an
der Natur vebréngen an ënnerschiddlech Naturerfarungs- an
Ëmweltaktivitéite buchen. Mir leeën Wäert op d’Scoutstechniquen, mat
all de Sënner d’Natur ze entdecken an ze erliewen, an dobäi relevant
Erfarunge fir sech selwer kënnen ze maachen.
Dës Aktivitéite riichten sech haaptsächlech wärend de Schoulwochen u
Schoulklassen. Kanner- a Jugendorganisatiounen, déi eng
Iwwernuechtung um Misärshaff geplangt hunn, kënnen och vun dësem
Programm profitéieren. Fir eng flott an dynamesch Aktivitéit kennen ze
garantéiere sinn d’SchülerInnen wéi och d’Enseignanten aktiv an de
Programm agebonnen.
Momentan bidde mir d’Aktivitéite wärend dem 1. an 3. Trimester,
jeeweils Méindes, Mëttwochs oder Freides un. Eis Aktivitéite fannen
ëmmer ganzdags vun 9:00-15:00 Auer statt (adaptéierbar un d’Dauer
vun der Un- an Ofrees) .