mobile menu toggler
Deviens acteur pour un futur plus durable

Workshop « Zukunft vun der Landwirtschaft »

Organisation : Move. / co Mouvement Ecologique
ODD :
12 - Consommation et productions responsables
Atelier
Retour aux offres

Thèmes prioritaires

Agriculture, Biodiversité, Chaînes d'approvisionnement mondiales, Pesticides et produits chimiques, Produits locaux/régionaux, Protection de l’environnement, Protection de la nature, Protection des animaux

Groupes cibles

1re, 2e, 3e, 4e, À l'école

Langues véhiculaires

Luxembourgeois

Durée

4 Stonnen

Lieu

Lycée

Objectifs

Mir vu move. – de Jugendgrupp vum Mouvement Ecologique – hunn eis an de leschte Méint intensiv mam Thema Zukunft vun der Landwirtschaft ausernee gesat. Ausgaangen si mir vun der Feststellung, datt mir e Wiessel brauchen an eiser Aart a Weis wéi mer Iessen a Liewensmëttel produzéieren. Gëtt et eng Landwirtschaft déi gutt fir de Mënsch an d’Natur ass?  Wat kënne mir als Konsument:inne maachen? Wat kann d’Politik maachen?

 

Programme

Heifir hu mir Interviewe mat Politiker:innen, Baueren a Leit aus der Zivilgesellschaft gefouert. Dës wäerten als Basis fir d’Diskussioun beim Workshop déngen, a verschidde Perspektiven op d’Problematik werfen. D’Fro „wéi mir an Zukunft nach kënne Liewensmëttel produzéieren a konsuméieren“ geet eis nämlech all eppes un.

Ee Beispill fir d’Videomaterial, dat als Support fir de Workshop déngt, ewéi och en Erfarungsbericht vum Workshop, dee mir am Juni an der Ecole Privée Fieldgen gehal hunn, fannt Dir hei.

 

Approches méthodologiques

De Workshop bitt sech am Beschten fir Klasse mat Schüler:innen ab 15 Joer un. En dauert 4 Schoulstonnen, an deenen d’Schüler:innen zesumme mat de Jonke vu move. Recherche maachen, diskutéieren an argumentéieren an esou e Verständnis fir déi aktuell Problematik a méiglech Léisungsweeër kréien. Zil ass et, fir um Enn a Gruppen eng interaktiv Presentatioun oder e Rollespill virzedroen, wou déi ënnerschiddlech Perspektiven duergestallt ginn.

 

Remarques

Du wëlls méi iwwert dëse Workshop gewuer ginn, oder e souguer an denger Schoul ëmsetzen? Da schreif eis op move@oeko.lu!