Geschicht vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung
BNE op internationalem Niveau
Eng laang Traditioun vun nohalteger Bëschbewirtschaftung
D'Iddi vun enger nohalteger Bewirtschaftung vun natierleche Ressourcë geet op d'Forstwirtschaft vum 18. Joerhonnert zeréck. Den Hans-Carl von Carlowitz huet schonn 1713 follgende Prinzip formuléiert:
„Schlage nur so viel Holz, wie der Wald verkraften kann, so viel Holz wie nachwachsen kann.“
(„Ha nëmmen esou vill Holz, wéi de Bësch verdroe kann, esou vill Holz, wéi erëm nowuesse kann.“)
D'Entstoe vun der Éco-Citoyenneté
An de 1970er Joren huet eng nei pedagogesch Approche d'Konzept vun der Nohaltegkeet op déi ganz Ëmwelt an déi natierlech Ressourcen erweidert. Dëst huet an den 1980er Joren zum Entstoe vun der 'Éco-Citoyenneté gefouert: D'Bierger hunn sech ëmmer méi fir den Ëmweltschutz engagéiert, a verschidden ekologesch Biergerinitiativen am Beräich vun der Ekologie sinn entstanen.
Globales Lernen: Global Verflechtunge verstoen
Am Joer 1976 ass d'Konzept vum Globales Lernen entstanen. Et hat als Zil, d'Bewosstsinn iwwer déi géigesäiteg Ofhängegkeeten tëscht de Länner vum Globale Norden an dem Globale Süden ze stäerken. Dobäi goufen ufanks Entwécklungsfroen a spéider Froen am Zesummenhang mat der Ausbeutung vun natierleche Ressourcen thematiséiert. Et goufen inklusiv pedagogesch Approchen entwéckelt, déi sech op Fridden an Natur konzentréiert hunn.
De Brundtland-Rapport an d'Definitioun vun nohalteger Entwécklung
Am Joer 1987 huet d' Weltkommissioun fir Ëmwelt an Entwécklung vun de Vereenten Natiounen ënnert dem Virsëtz vum Gro Harlem Brundtland de Rapport „Our Common Future“ („Eis gemeinsam Zukunft“), verëffentlecht. Doranner gëtt nohalteg Entwécklung offiziell follgendermoossen definéiert:
„Eng Entwécklung, déi den Uferderunge vun der haiteger Generatioun erfëllt, ouni d'Fäegkeet vun zukünftege Generatiounen ze gefäerden, hir eege Bedierfnesser ze erfëllen.“
Dëse Rapport huet als Grondlag fir d' Konferenz vu Rio am Joer 1992 gedéngt, bei där politesch Responsabel, Wëssenschaftler an ONGen aus 179 Länner zesummekomm sinn, fir déi mënschlech Entwécklung an den Ëmweltschutz mateneen an Aklang ze bréngen.
Konvergenz vun den Efforten am Beräich vun der Bildung op globalem Niveau
Säitdeem sinn d'Bildungsinitiativen zur Fërderung vun enger nohalteger Entwécklung weider gestäerkt ginn. De globalen Aktiounsprogramm vun der UNESCO fir d'Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) , deen no der BNE-Dekad (2005–2014) koum, hat als Zil, den Engagement weltwäit ze stäerken an de Fortschrëtt a Richtung vun enger nohalteger Zukunft ze beschleunegen.
D' UNESCO-Weltkonferenz iwwer d'BNE am Joer 2021 zu Berlin huet d'Noutwendegkeet ënnerstrach, Initiativen ze bündelen an zesummenzeschaffen, besonnesch tëscht de Ministèren. Zënterhier si vill international Initiative gestäerkt ginn:
- UNECE-ESD
- UNESCO-ESD-Countrynet Bildung fir nohalteg Entwécklung | UNESCO
- Initiativen um Niveau vun der 'Europäesch Unioun an dem Benelux
D'Entwécklung vun der BNE zu Lëtzebuerg
Grënnung vun der nationaler Plattform PEEDD
De Plan national pour la protection de la nature 2007–2011 – Nationalen Naturschutzplang 2007–2011 huet d'Grënnung formaliséiert vun der plateforme nationale pour l’éducation à l’environnement et au développement durable (PEEDD) – nationaler Plattform fir Ëmweltbildung an nohalteg Entwécklung (PEEDD). Dës Plattform gouf 2016 mat der Websäit BNE.lu verbonnen an ass 2025 zu engem integréierte Bestanddeel vum nationale Reseau vun der BNE-Plattform ginn.
De Comité interministériel pour l’EDD
Den 2008 gegrënnten CIEDD koordinéiert déi national Initiativen am Beräich vun der BNE, fërdert Synergien an erliichtert den Austausch. Am Joer 2012 huet en d' stratégie nationale d’éducation pour un développement durable – national Strategie fir Bildung fir nohalteg Entwécklung, verëffentlecht déi:
- d'Grënnung vun engem Informatiounsreseau „Bildung fir nohalteg Entwécklung“ recommandéiert huet,
deen zu der Grënnung vu BNE.lu gefouert huet (Punkt 2.1); - d'Schafe vun enger gemeinsamer Basis mat eenheetleche Krittäre
fir ausserschoulesch a schoulesch Bildungsariichtunge virgeschloen huet
an dës Grondkrittären an enger Charta festgehalen huet (cf.Kapitel 2.3); - d'Aufgabe vum Reseau vun den Acteure vun der PEEDD-Plattform opgelëscht an de Reseau vun den Acteuren am Beräich vun der BNE strukturéiert huet (cf. Kapitel 6.4).
Am Joer 2016 gouf de CIEDD erweidert, fir d'Theme vun der 'd' Agenda 2030, ze integréieren an huet vun do u Vertrieder aus ronn enger Dose Ministèren zesummebruecht. De Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit (MECB) an den Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend (MENJE)stinn a Verbindung mat Acteuren aus dem Benelux an der Groussregioun.
BNE a Kreeslafwirtschaft am Kader vun der TIRLUX
Am Kader vun der Drëtter Industrieller Revolutioun (TIRLUX), gouf de CIEDD domat beoptraagt, d'BNE an d'Kreeslafwirtschaft an d'Schoulprogrammer ze integréieren. Am Joer 2017 gouf ënnert der Leedung vum MENJE e Méijoeresplang lancéiert, deen déi follgend Moossnamen ëmfaasst huet:
- d'Integratioun vun der BNE an der Kreeslafwirtschaft an d'Bildung;
- d'Schafe vun enger nohalteger Schoul ;
- d'Entwécklung vun enger pedagogescher Unitéit pedagogescher Unitéit zum Thema BNE;
- d'Aktualiséierung vun der Lëscht vun den Acteuren, déi d'Charta ënnerschriwwen hunn ;
- D'Aktualiséierung vun der Websäit www.bne.lu.
Am Joer 2018 huet de CIEDD d' „Tipps für ein nachhaltiges Leben in Luxemburg“, an Zesummenaarbecht mat de Membere vun der PEEDD-Plattform verëffentlecht. Dës Themeblieder behandelen déi 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung (Sustainable Development Goals, SDGs), a gi reegelméisseg vum MECB aktualiséiert.
Um Wee zu enger neier Dynamik
Am Joer 2024 hunn d'Ministere fir Bildung an Ëmwelt decidéiert, d'Websäit BNE.lu ze iwwerschaffen. De Projet gouf mat technescher a finanzieller Ënnerstëtzung vum MECDD ëmgesat.
De nei Websäit BNE.lu an den dozougehéierege Reseau ginn am September 2025 lancéiert.
De CIEDD ass den Ament an enger Neigestaltungsphas (2025), a soll méi ëmfaassend a méi kloer definéiert Aufgabe kréien.