mobile menu toggler
Gitt Acteur vun enger nohalteger Zukunft

Qualitativ héichwäerteg Ausbildung - e Recht fir all?

Organisatioun: SOS Kannerdierfer Welt
Retour aux offres

Dauer

2 Stonnen

Plaz

a Raimlechkeeten, déi vu Schoulen oder ausserschouleschen Organisatiounen ugebuede ginn

Ziler

logososvillagesWëssen: fir sech vum Recht op qualitativ héichwäerteg Ausbildung fir all bewosst ze ginn a se ze verstoen, souwéi vun der Realitéit vum Schoulliewen an de Länner vum Süden. 

Expertise kritesch iwwer d'Grënn nozedenken, firwat Kanner hiert Recht op eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung net notze kënnen

Programm

Thematesch Inhalter:

  • D'Recht vum Kand op eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung
  • D'Bildungssituatioun an d'Realitéit an engem Land vum Globale Süden am Besonneschen
  • Bildungsfinanzéierung
  • Déi verschidde Schlësselelementer/Faktoren fir eng qualitativ héichwäerteg Ausbildung
  • Erausfuerderunge betreffend den Zougang zu der Schoul
  • D'Charakteristiken (historeschen, politeschen, wirtschaftleche Kontext) vun engem Land am Globale Süden

 

 

Methodologesch Approchen

E Léierworkshop baséiert op dem Prinzip/Wäert vun der Participatioun an der Interaktivitéit. Zilgruppen erwerben a internaliséieren Wëssen a Fäegkeeten duerch verschidden edukativ Instrumenter: Gruppenaarbecht, Rollenspiller/Simulatiounen, Brietspiller, Diskussiounen a Videoen.