D'Rucksakbibliothéik
Prioritéitsthemen
Weltbiergerschaft, Kannerrechter, Zesummenliewen
Zilgruppen
Zyklus 3, Zyklus 4
Allgemeng Sproochen
Däitsch, Franséisch
Websäit
citim.lu/rucksakbibliothekDauer
vu Januar bis Enn Juni/Ufank Juli
Plaz
Grondschoulen
Ziler
Bicher erzielen Geschichten a Reesen.
Zil: d'Diversitéit vun de Kulturen a Wäerter vun de südleche Länner duerch Bicher z'entdecken, eng méi grouss Oppenheet fir aner Kulturen z'entwéckelen.
Programm
Beschreiwung: Rucksäck voller altersgerechter Bicher zirkuléieren am ganze Schouljoer vu Klassesall zu Klassesall. D'Bicher gi vun engem Scrapbook begleet, an deem d'Schüler hir Andréck festhale kënnen. Eng Liesfeier mat engem Auteur aus dem Globale Süden schléisst de Projet am Juni/Juli of.
Bemierkungen
Praktesch Informatiounen: D'Aschreiwung fir d'Klassen fënnt am Laf vum Schouljoer statt. Kontakt: citim@astm.lu