mobile menu toggler
Gitt Acteur vun enger nohalteger Zukunft

Politesch Bildung – wat ass dat?

De Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) huet eng Serie vu Videoen iwwer d'Bildung fir nohalteg Entwécklung produzéiert.

Dës Videoe riichten sech haaptsächlech un d'Léierpersonal an d'Educateuren. Et geet drëm, en Iwwerbléck iwwer d'Ziler, d'Inhalter an d'Léiermethoden, déi spezifesch fir d'Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) sinn, unzebidden. All Video gëtt vun enger Lëscht vu rekommandéierte Linken op Fachliteratur, Léiermaterial a Ressourcë fir berufflech Weiderbildungen am Zesummenhang mam Thema begleet.

Nodeems de SCRIPT en éischte Video mam Titel „BNE – Bildung fir nohalteg Entwécklung: Verstoen, Verantwortung iwwerhuelen, d'Zukunft gestalten“ produzéiert huet, deen eng allgemeng Aféierung an d'BNE gëtt, huet en elo en zweete Video verëffentlecht, deen e spezifesche Beräich vun der BNE beliicht.

Kuckt hei d'Video «Politesch Bildung: Demokratie léieren, matgestalten, Zesummeliewen gestalten» a léisst Iech inspiréieren. Wann Dir un dësem Thema interesséiert sidd a méi dozou wësse wëllt, klickt heie.