mobile menu toggler
Gitt Acteur vun enger nohalteger Zukunft

Luxembourg Climate Youth Network: Opruff fir Schoulvertrieder

De Luxembourg Climate Youth Network bréngt motivéiert Schüler aus dem Enseignement Secondaire aus dem ganze Land zesummen, fir Iddien auszetauschen an d'Meenunge vun de Jonken an nationalen an internationale Klima-Debatten auszedrécken.

Déi éischt Sëtzung vum Luxembourg Climate Youth Network gëtt den 1. Juli 2026 organiséiert. Maacht Iech keng Suergen, wann Dir net kënnt kommen – Dir kënnt Iech nach ëmmer umellen an an de kommende Méint un de weidere Sëtzungen deelhuelen.

Et ass kee Virwëssen néideg; alles wat Dir braucht, ass Virwëlz, Motivatioun an de Wonsch, Är Klassekomeroden ze vertrieden.

Fir dem Luxembourg Climate Youth Network bäizetrieden, fëllt w.e.g. de Formulaire aus an der Rubrik „CYD_LCYN – de Jugendrot“.

Follow dem CYD op Instagram (@cyd_luxembourg), fir um neiste Stand ze bleiwen.