Impressioune vun de BNE Awards 2026
D'Zeremonie vun de BNE Awards 2026 huet den 8. an 9. Juni 2026 an de Kategorien „Sekundarbildung/19 bis 25 Joer“, respektiv „Primärbildung“ stattfonnt.
454 Kanner a Jugendlecher am Alter vu 6 bis 25 Joer hunn un dëser Competioun deelgeholl. Wärend dem Schouljoer 2025–2026 hunn si 37 bemierkenswäert Projeten ëmgesat, déi sech op de Klimaschutz an d'Bewosstsi fir de Klimawandel konzentréiert hunn.
Déi Jonk hu gewisen, datt all Geste zielt, egal wéi grouss oder kleng. An datt mir zesummen d'Welt zu enger besserer Plaz maache kënnen.
Mir wëllen hinnen all – souwéi de Tuteuren, déi si ënnerstëtzt hunn – fir hiert aussergewéinlecht Engagement Merci soen!



























