Lancement vun de BNE Days 2026
Vum 16. bis den 20. Mäerz 2026 fënnt déi alleréischt Woch vun der Bildung iwwer nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg statt.
– BNE Networking:
Huelt Deel un engem aussergewéinlechen Dag vun den Austauschméiglechkeeten den 19. Mäerz 2026 am Forum Geesseknäppchen. A loosst Iech un iwwer 65 interaktive Stänn inspiréiere vun de pädagogeschen Offeren vun ONGen, Verwaltungen an edukativen Strukturen.
– BNE Training:
Dir sidd Enseignant oder Educateur? Dëst Joer kënnt Dir un der alleréischter Marche pédagogique am Beräich vun der BNE hei zu Lëtzebuerg deelhuelen, Iech a Seminairen zu den ënnerschiddlechsten Inhalter a Formater weiderbilden, Iech bei eenzegaartegen Hospitatiounen inspiréiere loossen an un engem ganz informative Ciné-débat deelhuelen.
– BNE Youth:
An der Woch vum 16. bis den 20. Mäerz 2026 gi landeswäit vilfälteg Aktivitéite fir Schoulen, Crèchen, Maisons Relais a Jugendhäiser ugebueden. Mellt Är Schüler/Kannergruppen elo iwwer dës Websäit un!