mobile menu toggler
Gitt Acteur vun enger nohalteger Zukunft

BNE Awards 2026

 

Ronn 650 jonk Leit am Alter vun 6 bis 25 Joer hunn sech zesumme mat hiren Enseignanten oder Erzéier fir d'BNE Awards 2026 ugemellt. Am ganze Land entwéckelen si aktuell eng grouss Villfalt u Projeten am Zesummenhang mat dem Klima- a Schutz an der Sensibiliséierung fir de Klimawandel (SDG 13). Mir gratuléieren hinnen fir hiert Engagement an hir Motivatioun. Mir freeën eis schonn dorop, d'final Projeten vun de verschiddene ActionTeams ze gesinn, déi den 8. an 9. Juni 2026 op der BNE Awards 2026-Veranstaltung am Geesseknäppchen Forum presentéiert ginn.