mobile menu toggler
Gitt Acteur vun enger nohalteger Zukunft

Bildung fir nohalteg Entwécklung

Le sujet vous intéresse et vous désirez vous renseigner davantage? Cliquez hei.

 

L’Éducation au développement durable (en all. « Bildung für nachhaltige Entwicklung », en angl. « Education for Sustainable Development ») représente un concept aussi vaste que complexe.

Trotzdeem ass dësen Ausdrock an de leschte Joren ëmmer méi präsent am Bildungs- a politeschen Diskurs ginn.

Wat genee ass Bildung fir nohalteg Entwécklung? Wat sinn d' Ziler? Op wat baséiert BNE ? Wéi transforméiert BNE d'Kultur vum Léieren a vum Ënnerrichten ?

De SCRIPT huet eng Serie u Videoen iwwer Bildung fir nohalteg Entwécklung produzéiert, fir iwwer d'Missiounen, Inhalter a Léiermethoden vu BNE ze informéieren.

Regardez ici le premier clip « BNE – Bildung fir nohalteg Entwécklung: Verstoen, Verantwortung iwwerhuelen, Zukunft gestalten ».

Wat ass Bildung fir nohalteg Entwécklung?

Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) ass net op d'Vermëttle vu Wëssen limitéiert : et ass e wichtegen Hiewel fir eng Welt, déi méi gerecht, fair an nohalteg ass, opzebauen. BNE huet zum Zil fir Bewosstsinn ze schaffen, Kompetenzen ze entwéckelen an Aktiounen ze encouragéieren.

D'Zil 4.7. vun den SDGs steet fir d'Ambitioun fir bis 2030 sécherzestellen, datt jiddereen dat néideg Wëssen an déi néideg Fäegkeeten huet, fir eng nohalteg Entwécklung ze fërderen, besonnesch duerch:

  • nohaltege Liewensstiler
  • Mënscherechter
  • Gläichberechtegung vun de Geschlechter
  • d'Kultur vum Fridden an der Gewaltlosegkeet
  • global Biergerschaft
  • d'Fërderung vun der kultureller Diversitéit an de Bäitrag vun der Kultur zur nohalteger Entwécklung.

 

Eng 360° Ausbildung fir jiddereen

BNE riicht sech un all Forme vu Bildung.

  • Éducation formelle : dans les écoles fondamentales et secondaires
  • Éducation non formelle : dans les Maisons Relais, maisons des jeunes, associations, formations continues, ateliers
  • Éducation informelle : dans la vie quotidienne, par la sensibilisation et l’engagement de tous les acteurs de la société

 

D'Ziler vun der BNE

BNE huet zum Zil :

  • d'Verstoe vun der Komplexitéit vun der Welt an hiren ökologeschen, sozialen an ekonomeschen Dimensiounen
  • d'Erlange vu Wëssen, Fäegkeeten a Wäerter fir verantwortungsvoll ze handelen
  • d'Fërderung vun demokratescher Participatioun an Engagement

BNE representéiert e liewenslaangt Léieren.

Et baséiert op dräi Dynamiken:

  • Erkennen & verstoen : eng systemesch, interdisziplinär a bewosst Approche zum Denken iwwer Ofhängegkeeten entwéckelen
  • Réfléchir : structurer l’information, exercer une pensée critique fondée sur des valeurs, prendre position et communiquer
  • Agir : stimuler la créativité, la coopération, la confiance en soi et la capacité à transformer les idées en actions concrètes

 

Eng interdisziplinär an ergänzend Approche

Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) baséiert op enger Villfalt vun Disziplinnen an Themen, fir ze hëllefen, grouss global Erausfuerderungen ze verstoen an drop ze reagéieren. BNE kann an all Beräicher vun der Schoul an an den Alldag integréiert ginn.

Dës Methoden ergänzen sech:

  • Bildung iwwer global Biergerschaft
  • Ëmwelt- a Klimabildung
  • Natur- a Friddenserzéiung
  • Bildung iwwer Mënscherechter an Demokratie
  • Interkulturell a Gläichberechtegungsbildung
  • Bildung iwwer d'Kreeslafwirtschaft

 

 

 

Léierziler vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung

Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) ass net op d'Vermëttle vu Wëssen limitéiert : BNE huet zum Zil fir, an enger komplexer Welt déi sech konstant verännert, d'Handlungsfäegkeet ze stäerken .

BNE mobiliséiert:

  • vilfälteg interdisziplinär Approchen
  • vilfälteg der Perspektiv
  • kritesch Nodenken iwwert Valeuren
  • d'Entwécklung vunEmpathie a Solidaritéit
  • Kooperatiouns - a Konfliktmanagementkompetenzen

D'Zil ass et dat d'Bierger a Biergerinne  international Zesummenhäng vertsinn, systemesch driwwer nodenken an op eng verantwortungsvoll Manéier kënnen handelen.

 

GreenComp – Den europäesche Kompetenzkader fir Nohaltegkeet

GreenComp, publizéiert vun der Europäescher Kommissioun, ass e Schlësselkompetenzenrahmen fir Nohaltegkeet. En ass Deel vum Europäesche Green Deal an ziilt drop of, d'Léieren iwwer ökologesch Nohaltegkeet an allen edukative Kontexter ze fërderen: formell, non-formell an informell Bildung.

Dëse Kader proposéiert eng gemeinsam Visioun fir d'Integratioun vun Nohaltegkeetsfroen an d'Bildung, andeems transferabel Fäegkeeten entwéckelt ginn, déi fir all Bierger nëtzlech sinn, onofhängeg vun hirem Alter oder Hannergrond.

Déi 4 Expertiseberäicher vu GreenComp

  1. D'Wäerter vun der Nohaltegkeet verkierperen
    → Respekt, Verantwortung, Gerechtegkeet, Solidaritéit.
  2. D'Komplexitéit vun der Nohaltegkeet verstoen
    → Systemescht Denken entwéckelen, Interaktiounen an Onsécherheeten erkennen.
  3. Sech eng nohalteg Zukunft virstellen
    → Alternativen entdecken, Hoffnung an de Courage fir ze handelen fërderen.
  4. Fir Nohaltegkeet handelen
    → Konkret Aktiounen iwwerhuelen, individuell a kollektiv.

Dir fannt de GreenComp hei op verschidde Sproochen.

Fir méi gewuer ze ginn: D'Geschicht vun der BNE