Klimabildung – wat ass dat?
Sidd Dir un dësem Thema interesséiert a wëllt Dir méi dozou erausfannen? Hei fannt Dir Äntwerten op Är Froen.
N.B.: Vill Themen si intrinsesch mat der Klima-Bildung verbonnen, wéi faire Mode, faire Handel, erneierbar Energie, Permakultur, Low-Tech, Null-Offall, nohalteg Liewensmëttel, asw. Hei interesséieren eis haaptsächlech Initiativen, déi direkt mam Klima-Schutz verbonnen sinn an d'Bewosstsinn fir de Klimawandel erhéijen.
Wou kann ech méi iwwert de Klimawandel an de Klimaschutz gewuer ginn?
– Plan national intégré en matière d’énergie et de climat du Luxembourg pour la période 2021-2030 (PNEC)
https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/dossier/pnec/2024-pnec-mise-jour.pdf
– Projet de stratégie d’adaptation aux effets du changement climatique
https://gouvernement.lu/dam-assets/images-documents/actualites/2025/02/07-strategie-changement-clim…
– Rapport „Public Opinion on Climate Change and Action in Luxembourg: 2024 Survey Results”
verëffentlecht vum Observatoire de la Politique Climatique (OPC) am Mee 2025
En Deel vun der Studie konzentréiert sech op déi Jonk hiert Wëssen, hir Attituden an hir Informatiounsquellen zum Thema Klimawandel.
https://opc-luxembourg.lu/wp-content/uploads/2025/05/OPC-2025-Report-Public-Opinion-on-Climate-Change-Action-in-Luxembourg.pdf
– Rapport: “Verneinen, Täuschen, Verzögern: Demystifizéiert – Wéi grouss Kuelestoff-Interessen Disinformatioun benotzen, fir Klimamassnamen ze sabotéieren, an wéi mir se stoppen” (Klimaktioun géint Disinformatioun)
https://caad.info/wp-content/uploads/2025/11/DenyDeceiveDelay-Demystified2025.pdf
– Tipps a Linken am Zesummenhang mam SDG 13: „Moossnamen fir de Klimawandel ze bekämpfen“
https://bne.lu/lagenda-2030-et-les-odd/
– Portal emwelt.lu
Entdeckt de Portal vum Lëtzebuerger Ëmweltministère, dee Basisinformatiounen iwwer Biodiversitéit, Klima, Waasser a Bëscher proposéiert, souwéi och Iddie fir d'Natur ze entdecken.
https://environnement.public.lu/fr.html
Wou kann ech Weiderbildungscoursen am Beräich vun der Klimabildung fannen?
– Way2ESD (SciTeach Centre)
De Projet ënnerstëtzt d'Léierpersonal dobäi, iwwer de Klimaschutz an d'Bildung fir nohalteg Entwécklung (BNE) am Allgemengen op eng Aart a Weis ze schwätzen, déi un den Alter, d'Wëssen, d'Fäegkeeten an d'Bedierfnesser vun de Kanner ugepasst ass.
https://sciteach.uni.lu/way2esd-projekt/
– Climate Fresk
online
Registréierung bei: https://fresqueduclimat.org
– Besicht reegelméisseg d'IFEN-Websäit > Katalog > Rubrik „Bildung fir nohalteg Entwécklung”:
https://ssl.education.lu/ifen/catalog/search?subdomains=2061
Wéi eng Léierspiller a Online-Simulatore gi fir Kanner a Jugendlecher recommandéiert?
– Die groβe Klima Challenge – Reise zu den Hotspots der Klimaforschung (Planet Schule)
interaktiivt Spill mat Videoen, déi an der Form vun engem Chat-Gespréich presentéiert ginn
https://www.planet-schule.de/schwerpunkt/klimawandel/klima-challenge-lernspiel-102.html
– Climate Game (Financial Times)
op Englesch
Rollespill fir d'Klimaneutralitéit bis 2050 ze erreechen
https://ig.ft.com/climate-game/
– Climate Detectives (ESERO)
2 Niveauen (EF an ES)
Am Kader vun dësem Projet sollen ënnerschiddlech Ëmwelt- oder klimabedéngte Problemer identifizéiert an ënnersicht ginn, an dono soll no méigleche Léisunge gesicht ginn. De Projet ka bis zu 8 Méint lafen. D'Enseignanten kréien en Handbuch, dat si bei der Ëmsetzung vum Projet ënnerstëtzt.
https://climatedetectives.esa.int/de/
– Däin CO2-Rechner (Nohaltegkeetsrot an ZpB)
Hei kënnen déi Jonk hiren CO2-Foussofdrock berechnen.
https://dain.co2-rechner.de/de_DE/
– En-Roads (Massachusetts Institute of Technology)
op Englesch
Simulatiounssoftware iwwer de Klimawandel an d'Energiewend
Weist, wéi d'Elektrifizéierung vum Verkéier a verbessert landwirtschaftlech Praktiken sech op Facteure wéi Energiepräisser, d'Temperatur, d'Loftqualitéit an den Opstig vum Mieresspigel auswierken.
https://en-roads.climateinteractive.org/scenario.html?v=25.5.0&lang=fr
Wou kann ech nach Léiermaterial fir meng Schüler/Kannergruppen/Jugendgruppen fannen?
– Klimakoffer (CITIM)
Cycles 3.2 – 4.2
D'Valise ka gratis ausgeléint ginn an enthält eng grouss interaktiv Weltkaart mat Holzfiguren, en CO₂-Rennspill, e Puzzle zum Treibhauseffekt, Uleedunge fir Experimenter, en CO₂-Molekül aus Holz, Holzkëschten zum Thema CO₂-Emissiounen, e Puzzle iwwert de Klimaschutz…
https://www.citim.lu/klimakoffer-zukunft-ist-jetzt-kinder-aktiv-furs-klima/
– Escape Climate Change (CITIM)
ab 14 Joer
Escape Game zum Thema Klimaasschutz
https://www.citim.lu/tag/escape-game/
– Lëscht vu Kanner- a Jugendbicher souwéi Léiermaterialien zum Thema Klimawandel
https://bne.lu/wp-content/uploads/2026/04/BNE-Bicherlescht-2026.pdf
– e bléck op… Overshoot Day Lëtzebuerg (ZpB)
pädagogeschen Dossier
https://zpb.lu/pedagogical_cpt/ebo-overshoot-day/
Wéi eng pädagogesch Workshops fir Jugendlecher ginn am Kader vun der Klimabildung recommandéiert?
– Klimawandel a Lëtzebuerg (SNJ)
5e – 1re
Um Beispill vun de lëtzebuergesche Bëscher léieren d'Schüler mat interaktive Spiller an Experimenter d'Ursaachen an d'Konsequenze vum Klimawandel. Si entwéckelen Adaptatiounsstrategien a maachen sech Gedanken doriwwer, wéi eng Moossnamen si selwer kënnen huelen, fir dem Klimawandel entgéintzewierken.
https://erliewen.snj.lu/activity/le-changement-climatique-au-luxembourg/
– CliC – Klima kompetent (SNJ)
6e-2e
Aktivitéit, déi déi praktesch an emotional Widderstandsfäegkeet vu Jonke stäerke soll vis-à-vis vun extreme Wiederphenomener, déi duerch de Klimawandel zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks optrieden
D'Participantë léieren, sech op relevant Risike virzebereeden, andeems si en Noutfallkit zesummestellen a wichteg an zouverlässeg Informatiounsquelle benotzen.
Dës Aktivitéit gëtt och als Programm vun zwee Deeg mat Iwwernuechtung am Mariendall ugebueden.
https://erliewen.snj.lu/activity/clic-climate-competent/
– Klima-Schutz op Ärem Teller (natur&ëmwelt)
fir Jugendlecher
Dës Aktivitéit soll de Zesummenhang tëscht enger klimafrëndlecher Ernierung, dem ekologesche Foussofdrock an der Wäertschätzung vu regionale a saisonale Produite verdäitlechen.
Déi Jonk kache regionaalt Geméis iwwer dem Holzfeier a léieren, hiert eegent Brout vum Som bis zum Brout hierzestellen. Ausserdeem benotzen si wëll Kraider an einfach Zutaten, fir nohalteg Platen aus de Ressourcen aus der Natur ze preparéieren. Zousätzlech gi verschidde Kachtechniken um Feier a Schneidtechnike virgestallt.
https://www.naturemweltasbl.lu/wp-content/uploads/2025/10/Naturaktivitaten_Lycee.pdf
– D'Klima an ech (Natur- a Bëschverwaltung – Biodiversum)
Cycles 3 a 4
Mat Experimenter setzen d'Kanner sech mam Thema Klimawandel auserneen. Si ënnersichen, wéi hir alldeeglech Handlungen sech op d'Klima auswierken, a maachen sech zesumme Gedanken doriwwer, wéi mir all e positive Bäitrag leeschte kënnen.
https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur-erliewen/les-centres-d-acceuils/naturaktiviaeten-schulklassen/schoulprogramm-cnf-fondamental.pdf
– Klima Challenge (Natur- a Bëschverwaltung – Burfelt)
Cycles 3 a 4
D'Schüler léiere méi iwwer d'Roll vun eise Bëscher am Zesummenhang mam Klimawandel, mee och iwwer seng Ursaachen a Konsequenzen.
https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur-erliewen/les-centres-d-acceuils/naturaktiviaeten-schulklassen/schoulprogramm-cnf-fondamental.pdf
– Klima-Pakt 2.0 an der Schoul (Äerdschëff)
ab 14 Joer
Fortbildung, déi Schoulgemeinschaften dobäi ënnerstëtzt, d'Erausfuerderunge vum Klimawandel besser ze verstoen an zesumme Moossnamen ëmzesetzen, fir hiren CO₂-Foussofdrock ze reduzéieren
https://aerdscheff.lu/event/pacte-climat-2-0-a-lecole/
– Schoulen mat Bangladesh verbonnen zum Klimawandel (Friendship Luxembourg)
ab der 4e
multimedialen Austausch, interaktiv Zoom-Reuniounen a Workshops am Unterrecht
https://bne.lu/les_offres/ecoles-connectees-avec-le-bangladesh-autour-du-changement-climatique/
Wou kann ech Iddie fir Projeten zum Thema Klimawandel fannen, déi ech mat menge Schüler/Kannergruppen/Jugendgruppen ëmsetze kann?
Loosst Iech vun de 37 Projeten inspiréieren, déi agereecht goufe bei de BNE Awards 2026: https://bne.lu/bne-awards-vos-projets/
Wéi eng Ausstellunge ronderëm d'Thema Klima gi fir Kanner a Jugendlech recommandéiert?
– Transition NOW (Administration de la Nature et des Forêts – Ellergronn)
Cycle 4-4e
Ausstellung iwwer den Zoustand vun eisem Planéit, d'Flora an d'Fauna, de Klimawandel an d'Auswierkunge vum mënschlechen Handelen op eis Ëmwelt
am Agang vun der Ausstellung kréien d'Schüler eng Broschür mat Froen ausgedeelt
https://environnement.public.lu/fr/natur-erliewen/transition-now.html
– Chroniques climatiques: Histoires d’humains et de climat (Iles de paix)
Wanderausstellung, déi gebucht ka ginn
ab dem Cycle 3
weist, wéi de Klimawandel d'Liewen, d'Kulturen an d'Landschafte verännert, a stellt dobäi e Bezuch zum lokale Kontext hier
unhand vun impressionante Fotoen a beweegenden Erfarungsberichter entdecken d'Schüler perséinlech Geschichte vun Upassung, Widderstandsfäegkeet a Verletzlechkeet am Kontext vun enger globaler Kris
https://www.ilesdepaix.org/enseignement/ressources-pedagogiques/chroniques-climatiques-histoires-dhumains-et-de-climat/
Wien sinn d'Climate Youth Delegates (CYD) a wéi kann ech si kontaktéieren?