D'Agenda 2030, hir Ziler an Tipps fir eng nohalteg Entwécklung
Eng global Visioun fir d'Zukunft
Am September 2015 huet d'Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen d'Agenda 2030, en universellen an amibitiéise Programm mat 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung (SDGs) ugeholl. 17 Objectifs de Développement Durable (ODD), réunis dans un programme universel et ambitieux, l’Agenda 2030. Dëse globale Kader ziilt drop of, Aarmut ze bekämpfen, de Planéit ze schützen a Wuelstand fir jiidereen ze garantéieren, baséierend op engem integréierten Usaz fir nohalteg Entwécklung.
D'Agenda 2030 bitt eng gemeinsam Visioun op globalem Niveau, a fërdert gläichzäiteg lokal Aktiounenfräi nom bekannte Prinzip: "Global denken, lokal handelen". An enger Welt, déi dacks mat Krisen an Onsécherheeten konfrontéiert ass, gëtt dëse Programm, dee bal all Staaten op der Welt deelen, klengen individuellen Aktiounen a kollektive Projeten e Sënn.
Nohalteg Entwécklung betrëfft all Akteuren aus der Gesellschaft Bierger, ONGen, ëffentlech Institutiounen, Ministèren, Gemengen, Betriber, Fuerscher an akademesch Institutiounen. Jidderee kann zu dësem Iwwergank zu enger méi fairer, méi grénger a méi inklusiver Zukunft bäidroen.
Dir wëllt wësse, wat nohalteg Entwécklung ass an een Iwwerbléck iwwer d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg kréien, dann informéiert Iech op: nohalteg.lu