Formation Nature 23/24 Wantersemester

Endlech ass et rëm sou wäit! Mir freeën eis Iech matdeelen ze kënnen, dass déi nächst Formation Nature an den Startlächer steet an mir zesummen mam neie Schouljoer ufänken.

Während der Formatioun kënnt d’Vilfalt am Lëtzbuerger Land kenne léieren an hier Bewunner erfuerschen. Dobäi gitt Dir op Schrëtt an Trëtt vu lokalen Experten begleet an stellt Ärt Wëssen bei Ärer eegener Visite guidée ënner Beweis!

Weider Informatiounen an den Präiss fannt Dir hei: Formation Nature 23/24 Wantersemester

Mellt Iech w.e.g. mat folgenden Informatiounen iwwer c.gansen@naturemwelt.lu un.

Numm; Virnumm; E-mail; Handysnummer

De Programm fir d’Wantersemester fannt dir ënnen.

Fir d’Wanter a Summersemester muss een sech separat umellen. Am Moment ass just d’Wantersemester op.

Bei weideren Froen zéckt net Iech iwwer info@plattformbne.lu ze mellen.


Programm Formation Nature 23/24 Wantersemester

Posted in: Non classé

Leave a Comment: (0) →