Virtuell Foire BNE
3-5. Juni 2021

Eng virtuell Foire mat iwwer 30 Acteuren aus dem Beräich vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung.

Presentatiounen, Live-Videochat mat den Exposanten an Austauschdëscher.

Entdeckt dat alles de 5. Juni vun 9 bis 12 Auer am virtuelle Raum.

Programm :

Donneschden, den 3.Juni 2021 – ab 17.00 Auer

Pre-Opening vun der virtueller Foire mat Virstellung vum Tool, Formatioun

Zoom-Link fir de Pre-Opening: LINK

Freides, de 4.Juni 2021

D’Foire ass op, allerdéngs nach ouni Uspriechpersounen op de Stänn.
Gitt laanscht a kuckt iech d’Stänn am Viraus un !

Umeldung Visiteurs: hopin.com – Passwuert: bne

Samschdes, de 5.Juni 2021

9.00 -12.00 Auer
Tauscht iech mat den Acteuren op de Stänn per Video-Live-Chat aus a stellt är Froen !

11.30 Auer
Offiziell Clôture a Presenz vun de Ministeren Carole Dieschbourg a Claude Meisch


Umeldung Visiteurs: hopin.com – Passwuert: bne

Bei Froen mellt iech beim Valérie: v.klein@naturemwelt.lu

 

FAQ

  1. Wéi mellen ech mech un?
    Gitt op hopin.com ginn d’Passwuert “bne” an. Duerno op “Join Event” klicken an en Account erstellen.
  2. Muss ech eppes eroflueden?
    Nee, et fënnt alles am Internetbrowser statt. Mozilla Firefox an Google Chrome funktionéieren am beschten. Beim Internet Explore geet et net!
  3. Wat brauch ech fir drun deel ze huelen?
    E Computer/Laptop mat gudden Internetzougank, an eng Kamera an e Mikro fir mat den Aussteller Live ze schwätzen.
  4. Kann ech mäin Hannergrond onschaarf maachen oder e virtuellen Hannergrond maachen?
    Leider funktionéiert dat net. Mir roden iech, dass dir virun engem neutralen Hannergrond setzt.
  5. Kann ech och just Freides d’Stänn kucke goen?
    Jo, dat ass méiglech, allerdéngs sinn dann keng Responsabel vun de Stänn do déi iech méi Informatioune kenne ginn. Mir roden iech dofir d’Foire samschdes vun 9.00-12.00 Auer ze besichen.
  6. Ech hunn en (techneschen) Problem, wou kann ech mech mellen?
    Mellt iech beim oder beim Valerie: v.klein@naturemwelt.lu oder beim Romy: romy.mangen@men.lu