mobile menu toggler
Werde zum Mitgestalter einer nachhaltigen Zukunft

Workshop Yiéga

Organisation : Friedensinseln Luxemburg
Retour aux offres

Dauer

1 bis 2 Schoulstonnen

Programm

Den Workshop zentréiert sech op d'Liëwenssituation vun enger Famille vun Klengbaueren zu Yiéga am Burkina Faso. Et geht prinzipiell dorems, den Schülern ze weisen, wéi d'Leit zu Yiéga liëwen an mat wéiengen alldäglechen Schwieregkeeten si ze kämpfen hun. Des Schwieregkeeten spaanen sech vun den Konsequenzen vum Klimawandel (Dürre, Wassermangel, onerwarten Wiëderkonditiounen, etc.) iwwer d'Armut bis hin zum Honger.
Duerch des Animatioun sollen d'Schüler geigeniwwer den Liewensartanweisen an -konditiounen vun Leit aus enger komplett friëmer Kultur informiert an firun allem sensibiliséiert gin. D'Schüler wärten verstoen, dass och si duerch déi eng oder déi aaner Weis mam Ana an senger Famille (cf. Reportage) verbonnen sin an sech selwer an dësen “Friëmen” eremfannen kënnen. Och get Wert dorop geluecht, den Jugendlechen ze weisen, wou verschidden Liewensmëttel hierkommen, wéi des produzéiert gin an wéieen Impakt dëst och hei zu Lëtzebuerg kën hun.

Zentrale Themen:

  • Nohalteg Agrikultur / Agroökologie an gestern Léisungsunsätz
  • Den Daiwelskrees vun der Armut
  • Klimawandel an seng graifbar Konsequenzen
  • Interkulturelles Verständnis
  • Den Burkina Faso
  • Solidaritéit an global Biergerschaft

Methodische Ansätze

Et geht an desem Workshop dorem, eng Reflexioun an eng Diskussioun ënnert den Schüler ze provozéiren. Dëst geschitt duerch eng Presentatioun vun den zentral Thematiken (Armut, Klimawandel, Wassermangel, Resilienz an Agroökologie) an dem Weisen vun dem kurzen Reportage Yiéga (14:30 Minuten). Wichteg ass et, d'Wuert virun allem den Schüler ze iwwerlossen an do opzeklären, wou et néideg ass.

Eis Methodik reflektéiert eisen Refus, d'Leit während eisen Animatiounen ze culpabiliséiren an duerch eensaiteg Monologer sensibiliséiren ze wëllen. Mir schaffen op en nohaltegt Bewosstsain iwwer déi besprachen Themen hin an leen vill Wert op den aktiven Dialog souwéi en richtegt Verständnis vun der Liëwenssituatioun vun (enner anerem) Klengbaueren an hieren Famillen souwéi der momentaner Lag vun der natierlecher Ëmwelt. Dësen Workshop kën och op Franséich, Englesch oder Daitsch gehal gin.

Bemerkungen

Bietet Material:

Reportage Yiéga - https://www.youtube.com/watch?v=3BXX0EIdLmQ

(bis 4. / 10.) Ordner Unterwegs in Burkina Faso (op Franséich) mat Aufgaben an Exercicer souwéi en Correctif fir den Enseignant iwwer déi iëwegt Themen.