mobile menu toggler
Werde zum Mitgestalter einer nachhaltigen Zukunft

Workshop Huánuco: En Wee aus der Armut

Organisation : Friedensinseln Luxemburg
Retour aux offres

Dauer

1 bis 2 Schoulstonnen

Programm

An desem Workshop sollen d'Schüler en Abléck kréien, wéi sech eng Famille an der Régioun vum Huánuco am Peru dorem beméiht, hier Liewensemstänn lues an lues ze verbessernen. Och hei bleiwen d'Leitmotiver d'Armut, den Honger, den mangelnden Accès un (propert) Waasser souwéi d'Préservatioun vun der Natur. Den Reportage an deser Animatioun dréint sech um d'Haalung vun Mierschwéngecher, déi et den Famillen (an virun allem den Fraen) erlaben, en méi héicht Akommes ze hun, wat wichteg an positiv Konsequenzen mat sech bréngt.

Och duerch des Animatioun sollen d'Schüler geigeniwwer kulturell friëmen Leit informiert an obmierksam gemaach gin. D'Schüler wärten verstoen kënnen, dass och duerch schéngbar kleng Doten d'Liëwen vun Leit an Schwieregkeeten kën verbessert gin an dass eis Art an Weis ze liëwen an ze konsomméiren duerchaus en Impakt op den Alldag vun Leit weltwait ken hun. Et geht dorëms, neies an Ongewinntes kennenzeléiren, den Jugendlechen hier Empathie geigeniwwer hieren Matmënschen ze stärken an geint den Fatalismus geigeniwwer globale Problematiken ze kämpfen.

Zentrale Themen:

  • Den Daiwelskrees vun der Armut
  • Emanzipatioun vun der Fra
  • Nohalteg Agrikultur / Agroökologie an gestern Léisungsunsätz
  • Interkulturelles Verständnis
  • Den Peru an seng Lag
  • Solidaritéit an global Biergerschaft

Methodische Ansätze

D'pädagogesch Approche bleift hei déi selwëscht wéi beim Workshop Yiéga - eng Présentatioun vum Peru, vun den Leit déi do liëwen an vun den Problematiken, géint déi si versichen unzekämpfen. Des Présentatioun hängt sech un den Reportage Meerschweinchen vun 12 Minuten un. Nodeems dësen gekuckt gouf, gët en Débat iwwert di verschidden opgelëschten Themen gestart, bei dem d'Schüler aktiv nodenken an no Léisungen sichen wärten. Dësen Workshop kën och op Franséich, Englesch oder Daitsch gehal gin.

Bemerkungen

Bietet Material:

Reportage Meerschweinchen https://www.youtube.com/watch?v=U3b-onGgbXA

(ab 4. / 10.) Ordner Peru - Wege zur Entwicklung (op Franséich) mat Aufgaben an Exercicer iwwer déi iëwegt Themen.